Super BowlPatriots wanne géint Rams, 6. Titel fir Brady

RTL Lëtzebuerg
An engem Match, wou laang just ganz wéineg Punkte markéiert goufen, konnte sech d'Patriots am leschte Quarter mat zum Schluss 13:3 duerchsetzen.
Den Touchdown vum Michel huet de Match entscheet.
Den Touchdown vum Michel huet de Match entscheet.
© AFP

Et war eng éischt Hallschent, déi vun der Verdeedegung dominéiert gouf. Beim éischten Ugrëff hat et gutt fir d’Patriots ausgesinn, hiert d’Lafspill huet geklappt, ma déi éischt Pass vum Brady ass direkt bei der Verdeedegung gelant. Eppes, wat him bis elo an der Offseason nach ni geschitt ass. Ma anescht wéi d’Patriots huet bei de Rams am Ugrëff näischt geklappt, en direkten 3-and-out. An esou ass et grad am éischte Quarter weidergaangen. D’Patriots konnten e puer Yards maachen, mä hunn awer ni Punkten dobäi erausgeholl. Hire Kicker hat d’Chance op 3:0 ze setzen, huet awer laanscht geschoss.

Besser huet hien et am zweete Quarter gemaach, wéi hien effektiv déi éischt 3 Punkte maache konnt. Ma d’Rams hu weider näischt hikritt am Ugrëff, dofir war hir Defense awer gutt. E gudde Laf haten d’Patriots dann nach kuerz viru Schluss, ma am Plaz fir bei 4-and-1 e Kick fir 3 Punkten ze maachen, husi probéiert de Yard ze maachen an et ass schif gaangen. Ma alt nees konnten d’Rams net profitéieren. Esou ass et mat engem 3:0 fir d’Patriots an d’Paus gaangen. Hire wichtegste Mann war den Edelmann, deen eleng méi Yards maache konnt, wéi d’Attack vun de Rams. Bei de Rams war et hire Punter Hekker e wichtege Punkt, deen d’Bäll ëmmer nees déif an d’Hallschent vun de Patriots gepunt huet.

An der Paus huet Maroon 5 fir Stëmmung gesuergt.
An der Paus huet Maroon 5 fir Stëmmung gesuergt.
© AFP

Den drëtte Quarter huet ganz ähnlech ausgesinn, wéi déi éischt Hallschent. D’Defensen hunn dominéiert a quasi näischt zougelooss. Just d’Offense vun de Rams huet e bëssen eppes hikritt a konnten op 3:3 ausgläichen. Iwwregens ass dëst den niddregste Score no 3 Quarter an der Geschicht vum Super Bowl.

Et huet bis 7 Minutte viru Schluss gedauert, bis den éischten Touchdown gefall ass. Et war nees de Brady, dee gewisen huet, wisou hien wuel de Beschte vun allen Zäiten ass. Eng gutt Pass op de “Gronk” huet d’Patriots op d'1-Yard-Linn bruecht an de Michel konnt an d’Endzone lafe fir 6 Punkten. Ma et huet ausgesinn, wéi wann dat och d’Rams erwächt huet, déi nom Touchdown hire wuel beschten Ugrëff haten. Dat awer just esou laang, bis de Goff kuerz virun der Redzone mat enger wäiter Pass de Ball an d’Endzone wollt bréngen an dëse Ball gouf ofgefaangen. D’Patriots haten also knapp 4 Minutte viru Schluss de Ball a 7 Punkten Avance. Elo war d’Verteidegung vun de Rams gefuerdert, fir de Ball séier erëmzekréien, fir hirer Offense nach eng Chance ze ginn. Et war awer d’Offense ronderëm de Brady, déi d’Spill gemaach hunn, nach 3 Punkten op d’Board kruten an esou konnte si de Super Bowl mat 13:3 gewannen. Den Tom Brady krut säi sechste Rank. D’Rams hunn iwwregens kuerz viru Schluss nach e Fieldgoal dolaanscht geschoss.

Et ass de 6. Titel fir den Tom Brady.
Et ass de 6. Titel fir den Tom Brady.
© AFP

Back to Top
CIM LOGO