Allerdéngs goufen opgrond vu positive Corona-Tester an den Ekippe vum F91 Diddeleng am dem Racing schonn 2 Matcher vum éischte Spilldag verluecht. Mir hunn eis virum Optakt vum neie Championnat mam FLF-President Paul Philipp ënnerhalen.
D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet e Schreiwes un d’Veräiner geschéckt an huet der Regierung an der Santé Merci gesot, déi et erméiglechen, d’Matcher mat Spectateuren ze spillen. Dowéinst gëllen op den Terrainen uechter d’Land déi gängeg Corona-Reegelen. Den FLF-President Paul Philipp schwätzt vun enger Erausfuerderung.
“Fir eis alleguer, net nëmme fir d’Federatioun, mee och fir d’Veräiner, Dirigenten, Spiller an Traineren. Mir wëlle weisen, dass mir trotz dem Coronavirus erëm eng relativ normal Aktivitéit am Sport kënnen ophuelen. Et gesäit net esou aus, wéi wa mir de Virus an e puer Woche wäerte lass sinn, also musse mir kucken duerch eng grouss Disziplin, Solidaritéit an och duerch Fair-Play, dass mir erëm kënne Futtball spillen.”
Et wäert eng speziell Saison op d’FLF duerkommen. Flexibilitéit ass gefrot, well eng Sécherheet, dass all Match op engem Weekend ka gespillt ginn, gëtt et net. Dat ënnersträicht d’Verleeë vun de Partië vum F91 an dem Racing.
“Et geet jo net nëmmen ëm déi iewescht Divisioun, mee et geet ëm de gesamte Lëtzebuerger Futtball. Et geet ëm zweet Ekippen, et geet ëm Jugendekippen an do Veräiner ze obligéieren, all Mënsch ze testen, dat ass quasi onméiglech. Et ass jidderengem iwwerlooss, mee et muss Disziplin do sinn an et muss ee sech un déi Reegelen halen, déi do sinn an natierlech, wa Problemfäll do sinn, muss direkt reagéiert ginn.”
Dowéinst mécht den FLF-President en Appell un d’Spectateuren, de Staff an natierlech och un d’Spiller.
“Jidderee wëll erëm ufänke mat Futtball spillen, net egal wéi mee wa mir et wëllen uerdentlech maachen, musse mir eis un d’Virschrëften halen.”
Am Normalfall gëtt den éischte Championnatsmatch e Samschdeg den Owend um 18.30 Auer ugepaff.
BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella EttelbréckBGL Ligue - Virschau (3): Victoria Rouspert géint RodangeBGL Ligue - Virschau (4): RM Hamm Benfica géint F91 DiddelengBGL Ligue - Virschau (5): Union Titus Péiteng géint Una StroossenBGL Ligue - Virschau (6): Swift Hesper géint FC Déifferdeng 03BGL Ligue - Virschau (7): Fola Esch géint Jeunesse EschBGL Ligue - Virschau (8): Progrès Nidderkuer géint Racing