
Genee wéi déi zwee Joer virdru gouf et sechs Auszeechnungen: Ee Mol fir de beschte Spiller vun der Saison, ee Mol fir déi bescht Spillerin vun der Saison, ee Mol fir de beschte jonke Spiller, ee Mol fir déi bescht jonk Spillerin, ee Mol fir de beschten Trainer am Härechampionnat an ee Mol fir de beschten Trainer am Dammechampionnat. Membere vun der Press, d’Traineren an d’Kapitäne vun den Ekippen an d’Fans hu gewielt. Donieft gouf mam “Award Henri Heyart” eng nei Auszeechnung agefouert.
MVP an der Enovos League bei den Häre gouf fir déi drëtte Kéier noeneen de Philippe Gutenkauf vun der Etzella Ettelbréck.
Och nach nominéiert waren:
Oliver Vujakovic (Résidence Walfer)
Thomas Grün (Basket Esch)
MVP an der Enovos League bei den Damme gouf d’Esmeralda Skrijelj vum AB Conter.
Och nach nominéiert waren:
Isi Etute (T71 Diddeleng)
Isa Hämäläinen (Amicale Steesel)
Och den Trainer vun der Saison 2024/25 geet op Ettelbréck un de Coach Gavin Love.
Och nach nominéiert waren:
Gabor Boros (AB Conter)
Yves Defraigne (T71 Diddeleng)
Trainerin vun der Saison 2024/25 ass d’Fabienne Fuger vum AB Conter.
Och nach nominéiert waren:
Francois Manti (Gréngewald Hueschtert)
Mike Feyder (Sparta Bartreng)
Als beschte jonke Spiller vun der Saison gouf de Max Logelin vun der Sparta Bartreng ausgezeechent.
Als bescht jonk Spillerin gouf d’Isi Etute vum T71 Diddeleng ausgezeechent.
En neien Award, de sougenannten “Award Henri Heyart” krut de Marc Mouton, dee fir säi jorelaangen Engagement als Arbitter ausgezeechent gouf.