
De Philippe Gutenkauf zielt zanter Joren zu deene beschte Spiller am Land an dominéiert bis elo dës Saison de Championnat mat der Etzella.
De Point Guard huet dem Jeff Kettenmeyer erzielt, wisou et fir hien hei am Land just a Fro kënnt, zu Ettelbréck ze spillen a wat et esou speziell mécht, datt de Kär vun der Ekipp zanter Joren dee selwechten ass. Donieft geet et och ëm d‘Matcher mat der Nationalekipp an déi rezent Néierlag a Norwegen. De Philippe Gutenkauf schwätzt och iwwert seng zweet grouss Passioun, de Futtball, an doriwwer, wéi schwiereg d’Zäiten aktuell als Manchester United Fan sinn.
Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Basket.