
Deemno gëtt d’Playoff-Ronn guer net gewäert. Dofir gëtt d’Ofschlosstabell virun de Playoffs gewäert an do stoung den DT Diddeleng op der 1. Plaz. Esou kréie si de Championstitel vun der Saison 2019/2020 zougesprach.
D’FLTT erënnert nach eemol drun, dass keng Ekipp ofsteigt, dofir awer de Briddel a Lénger opsteigen, esou dass een d’nächst Saison mat 10 Ekippen an der BDO League spillt.