3 Mol RonaldoPortugal steet an der Finall vun der Nations League

RTL Lëtzebuerg
An der 1. Halleffinall e Mëttwoch den Owend klappt Portugal d'Schwäiz mat 3:1. En Donneschdeg spillen Holland an England ëm déi aner Plaz an der Finall.

E Sonndeg ka Portugal deen éischte Gewënner vun der neier Nations League ginn. E Mëttwoch den Owend hunn d’Portugisen nämlech d’Schwäiz mat 3:1 kloer geklappt - an dat duerch 3 Goler vum Superstar Cristiano Ronaldo.

Gespillt gouf zu Porto an an der 25. Minutt huet de fënneffache Weltfuttballer Ronaldo aus dem Näischt den 1:0 geschoss, esou goung et och an d’Paus, obschonn d’Schwäiz an den éischte 45 Minutte méi staark war - e Gol ass hir awer net gelongen.

An der 57. huet de Ricardo Rodriguez op Eelefmeter fir d’Schwäiz egaliséiert - no engem Videobeweis. Well am Fong war en Eelewer fir Portugal gepaff ginn, ma du gouf e Foul eng Minutt virdrun analyséiert an op de Punkt an déi aner Richtung gewisen ...

Duerno hu sech béid Ekippen zimlech neutraliséiert, ma an der 88. an an der 90. huet de Ronaldo nach zweemol zougeschloen a Portugal esou an d’Finall geschoss.

En Donneschdeg spillen Holland an England géinteneen, fir ze ermëttelen, wien an der Finall e Sonndeg géint Portugal spillt (20.45 Auer).

D’Partie ëm d’Plaz 3 ass e Sonndeg um 15 Auer.

Back to Top
CIM LOGO