Futtball-EMPortugis Joao Cancelo positiv op Coronavirus getest

RTL Lëtzebuerg
De portugisesche Futtballverband muss ee wichtege Stammspiller ersetzen. De Joao Cancelo steet bei der EM net zur Verfügung.

Et gëtt e Corona-Fall bei der portugisescher Futtball-Nationalekipp. De Verteideger Joao Cancelo vum englesche Champion Manchester City gouf positiv op de Coronavirus getest a steet fir de weidere Verlaf vun der EM net méi zur Verfügung, dat huet de portugisesche Futtballverband e Sonndeg matgedeelt. Hie gëtt duerch den Diogo Dalot (AC Mailand) ersat.

Den éischte Match bei der EM spillt den Titelverdeedeger en Dënschdeg um 18 Auer zu Budapest géint Ungarn.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Stëmmt mat of

Back to Top
CIM LOGO