BGL Ligue - Virschau (8)Progrès Nidderkuer géint Racing

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass den Optakt vun der BGL Ligue an dofir presentéiere mir Iech am Laf vun der Woch d'Matcher vum 1. Spilldag.

No 168 Deeg sollt de Ball jo de Freideg den Owend nees rullen an der héchster Liga vun eisem Futtball. Déi éischt Partië sinn awer eréischt e Samschdeg, well den Duell Progrès Nidderkuer géint de Stater Racing, deen de Freideg den Owend sollt gespillt ginn, jo wéinst positive Fäll beim Racing op e spéideren Datum verluecht gouf. Dat hënnert eis awer net drun, béid Ekippen ze presentéieren Serge Olmo.

BGL Ligue - Virschau: Nidderkuer géint Racing

De Progrès ass ganz kloer ee vun den Haaptfavoritten op de Championstitel. De Kader war scho staark a gouf nach verstäerkt. Esou Leit wéi de Golkipp Kevin Sommer, de Kevin Holtz oder den Toni Luisi goufen engagéiert. Den Titel ass kloer am Viséier, well all Positioun u sech duebel besat ass, erkläert de Mathias Jänisch vum Progrès.

Den Nidderkuerer Jänisch wäert déi éischt Rendez-vouse blesséiert verpassen, ënner anerem och den Europa-League-Match.

Déi lescht Saison hat de Progrès wichteg Punkten hänke gelooss géint de Racing, Punkten, déi vläicht déi 1. Plaz kascht haten, dowéinst hu Jänisch a Kolleegen e gewëssent Revanche-Gefill, wann et dann esouwäit wäert sinn, fir géint de Racing ze spillen.

De Racing war am gestoppte Championnat e wéineg a sengem Elan gebremst ginn. Et gouf sech elo virun allem geziilt beim Fusiounsveräin verstäerkt. Den Trainer Régis Brouard schéngt zefridden ze si mam Rekrutement.

Am Stuerm soll den Jacky Mmaee, iwwregens Ex-Progrès-Spiller, fir Gefor suergen. An der Defense mécht den Amdy Konté eng staark Impressioun. Den Dan Da Mota ass emol nach fir eng Zäit net bei der Ekipp. D’Ambitioune bei de Verluerekaschter sinn nawell ganz grouss, erkläert de Régis Brouard. Et wëll een nämlech um Enn vun der Saison an den Topp-3 stoen.

Béid Ekippe rechne fir dëst Championnat also mat enger Plaz um Podium. Et sinn awer nach munch aner Ekippen an der Course, déi déi selwecht Ambitiounen hunn.

Den Iwwerbléck

BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella EttelbréckBGL Ligue - Virschau (3): Victoria Rouspert géint RodangeBGL Ligue - Virschau (4): RM Hamm Benfica géint F91 DiddelengBGL Ligue - Virschau (5): Union Titus Péiteng géint Una StroossenBGL Ligue - Virschau (6): Swift Hesper géint FC Déifferdeng 03BGL Ligue - Virschau (7): Fola Esch géint Jeunesse Esch

Back to Top
CIM LOGO