Internationale FuttballPSG iwwerhëlt d'Tabellespëtzt, Mainz verléisst d'Ofstigsplazen

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga huet Mainz mam Barreiro géint Hoffenheim gewonnen an an der Ligue huet de PSG auswäerts Lyon geklappt.
© AFP (Archiv)

Bundesliga

TSG Hoffenheim - FSV Mainz 1:2
0:1 Glatzel (1'), 1:1 Bebou (39'), 1:2 Kohr (41')

Ganzer 26 Sekonnen huet et zu Sinsheim gedauert éier de Ball fir eng éischte Kéier de Wee an de Gol fonnt huet. De Glatzel huet sech am Strofraum vum Hoffenheimer Richards de Ball gekroopt an an de Filet gesat. Kuerz dorop hätt de Glatzel säin 2 Gol kéinte markéieren, de Baumann huet awer dës Kéier de Ball konnte paréieren. Kuerz virun der Paus huet Hoffenheim du mam Bebou den Ausgläich geschoss, éier de Kohr nach virun der Hallschent Mainz mat 2:1 a Féierung bruecht huet.

Mainz huet och an der 2. Hallschent eng immens gutt Partie gewisen, ouni awer fir d’Virentscheedung ze suergen. Scho bal liichtfäerteg ass d’Ekipp vum Leandro Barreiro, deen 90 Minutten um Terrain stoung, mat hire Chancen ëmgaangen. Um Enn sollte si de Virsprong awer verdeedegen a verloossen domat zanter dem 8. Spilldag emol nees d’Ofstigplazen.

Hertha BSC Berlin - Bayer Leverkusen 3:0
1:0 Zeefuik (4'), 2:0 Cunha (26'), 3:0 Cordoba (33')

Hertha BSC huet eng immens gutt 1. Hallschent gespillt béi där déi “al Damm” virun allem an der Offensiv immens effizient war. An esou louch d’Ekipp vum Pal Dardai och an der Paus mat 3:0 a Féierung. Och an der 2. Hallschent hat Berlin weider gutt Chancen, déi awer net genotzt goufen. Leverkusen hat grouss Schwieregkeete géint eng stabil Berliner Defense, sech Chancen erauszespillen. Fir Hertha eng immens wichteg Victoire, iwwerdeems Leverkusen weider u Buedem verléiert wat eng méiglech Qualifikatioun fir d’Champions League bedeit.

SC Freiburg - FC Augsburg 2:0
1:0 Sallai (51'), 2:0 Lienhart (79')

Béid Ekippen hu sech virun allem an der 1. Hallschent näischt geschenkt an eng immens kierperbetount Partie gewisen. Nom Téi war et dunn d’Ekipp vum Christian Streich déi hir Chancë genotzt huet. Freiburg wënnt mat 2:0 géint Augsburg.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League & FA Cup

West Ham United - Arsenal London 3:3
1:0 Lingard (15'), 2:0 Bowen (17'), 3:0 Soucek (32'), 3:1 Soucek (38', Selbstgol), 3:2 Dawson (61', Selbstgol), 3:3 Lacazette (82')

FA CUP:

FC Chelsea - Sheffield United 2:0
1:0 Norwood (24', Selbstgol), 2:0 Ziyech (90+2')

Den Chelsea-Trainer Thomas Tuchel huet am Verglach zum Champions-League-Match géint Atlético op 9 Positioune seng Formatioun fir d’Véierelsfinall am FA Cup verännert. Deementspriechend schwéier huet sech Chelsea och am Ufank vum Match gedoen. Sheffield huet immens robust gespillt. No 24. Minutte sinn d’Blues dunn duerch en Eegegol a Féierung gaangen. Bis kuerz viru Schluss ass et och beim 1:0 bliwwen, éier de Ziyech an der Nospillzäit fir d’Entscheedung gesuergt huet. Chelsea steet domat an der 1/2-Finall vum engleschen FA Cup.

Leicester City - Manchester United 3:1
1:0 Iheanacho (24'), 1:1 Greenwood (38'), 2:1 Tielemans (52'), 3:1 Iheanacho (78')

Eng duerchaus verdéngte Victoire fir Leicester City an der Véierelsfinall géint Manchester United. D’Foxes hunn een immens engagéierte Match gewisen a hunn hir Chancen äiskal genotzt. United hat Schwieregkeete fir sech géint d’Defense vu Leicester Chancen erauszespillen, sou dass d’Néierlag net onverdéngt ass. Leicester trëfft elo an der Halleffinall op Southampton.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Hellas Verona - Atalanta Bergamo 0:2
0:1 Malinovsky (33'), 0:2 Zapata (42')

Atalanta Bergamo huet um Sonndeg de Mëtteg eng iwwerleeë Victoire géint Helllas Verona konnte feieren. D’Gäscht hunn de Grondstee fir déi 3 Punkten duerch Goler vu Malinovsky a Zapata nach an der 1. Hallschent geluecht.

Juventus Turin - Benevento Calcio 0:1
0:1 Gaich (69')

Souwuel Juventus wéi och Benevento haten an der 1. Hallschent Chancen e Gol ze schéissen, hunn awer d’Prezisioun virum Gol vermësse gelooss, sou dass den Underdog mat engem 0:0-Gläich an d’Kabinne goe konnt. Nom Téi hu Ronaldo a Co. e Gang erop geschrauft an hate virun allem duerch de Ronaldo ëmmer nees gutt Chancen a Féierung ze goen. An der 69. Minutt huet dunn awer de Gaich Benevento iwwerraschend a Féierung geschoss. D’Gäscht hu mat allem wat se haten an der Schlussphas sech géint d’Offensiv vun der Juve gestemmt a kënne sech esou iwwerraschend mat 1:0 bei Juve duerchsetzen.

AC Florenz - AC Mailand 2:3
0:1 Ibrahimovic (9'), 1:1 Pulgar (17'), 2:1 Ribery (51'), 2:2 Diaz (57'), 2:3 Calhanoglu (73')

Eng immens interessant Partie hu béid Ekippe gewisen. Den AC Mailand ass wuel a Féierung gaangen, Pulgar a Ribery konnten de Match fir Florenz awer dréinen. Mëtt vun der zweeter Hallschent huet Mailand dunn e Gang erop geschrauft a konnt de Match no Goler vu Diaz an een Eelefmeter vum Calhanoglu fir sech entscheeden. Et hätten esouguer nach méi Goler kéinte falen, de Potto an d’Lat hu sech awer an de Wee gestallt. Mailand bleift domat op der zweeter Plaz an der Tabell.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Racing Stroossbuerg - RSC Lens 1:2
0:1 Haidara (5'), 1:1 Bellegarde (20'), 1:2 Fofana (40')

D’Gäscht vu Lens hunn duerch Goler vum Haidara a Fofana mat 2:1 géint Stroossbuerg gewonnen. Duerch des Victoire ka Lens seng 5. Plaz an der Tabell géint Marseille (aktuell 6.) behaapten. Stroossbuerg bleift iwwerdeems am Tabellekeller hänken.

OSC Lille - Nîmes 1:2
0:1 Kone (12'), 1:1 Xeka (20'), 1:2 Ripart (45')

Lille huet eng iwwerraschend Néierlag géint Nîmes aus dem Tabellekeller missen astiechen Schonn no 12 Minutte war een a Réckstand geroden. 8 Minutte méi spéit konnt ee wuel ausgläichen, ma de Match dréine konnt een net. Nîmes huet nämlech eng weider Kéier markéiert an dat duerch de Ripart an der 45. Minutt. Domadder huet Lille mat 1:2 de Kierzere gezunn a wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leie gelooss.

Lyon - PSG 2:4
0:1 Mbappé (15'), 0:2 Danilo (32'), 0:3 Di Maria (47'), 0:4 Mbappé (52'), 1:4 Slimani (62'), 2:4 Cornet (81')

De PSG huet d’Néierlag vu Lille ausgenotzt an duerch eng souverän Victoire zu Lyon d’Tabelleféierung an der Ligue 1 iwwerholl.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - FC Barcelona 1:6
0:1 Griezmann (37'), 0:2 Dest (43'), 0:3 Dest (53'), 0:4 Messi (56'), 0:5 Dembelé (71'), 1:5 Barrenetxea Muguruza (77'), 1:6 Messi (89')

Den FC Barcelona huet auswäerts Real Sociedad mat 6:1 iwwerrannt. No den éischte 45 Minutte stoung et nach nëmmen 1:0 fir Barca, ma no der Paus hu Messi a Co richteg opgedréint, fir um Enn eng souverän Victoire ze feieren. Fir de Messi, deen zwee Goler markéiert huet, war et dee 768. Match fir Barcelona, domadder gehéiert dee Rekord him elo ganz eleng.

FC Valencia - FC Granada 2:1
1:0 Wass (4'), 1:1 Blanco (66'), 1:2 Soldado (90')

FC Villarreal - Cadiz CF 2:1
1:0 Moreno (5'), 2:0 Bacca (67'), 2:1 Alex (69')

Atlético Madrid - Alaves 1:0
1:0 Suarez (54')

Wichteg dräi Punkte fir Atlético Madrid. Nodeems d’Ekipp vum Diego Simone ënnert der Woch aus der Champions League geflunn ass, huet ee sech an der Ufanksphas géint Deportivo Alaves schwéier gedoen, an der Offensiv an Aktioun ze trieden. Mam Gol vum Suarez an der 54. Minutt huet d’Lokalekipp dunn den erléisende Gol geschoss a konnt dëse klenge Virsprong bis zum Schluss verdeedegt. D’Rojiblancos stinn an der Tabell no 28 Spilldeeg elo 6 Punkte viru Real Madrid.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO