
Dëse Weekend war am Schwammen den Euromeet an der Coque. Um leschten Dag e Sonndeg stoung aus Lëtzebuerger Siicht virun allem d’A-Final iwwer 200 Meter 4 Nages am Mëttelpunkt. De Raphael Stacchiotti hat sech fir dës Final qualifizéiert.
Viséiert war eng Plaz um Podium, dofir ass et awer net duergaangen, dem Ettelbrécker no feelt et him den Ament u Kampfgeescht. Sou ass et zum Schluss nëmme fir déi 5. Plaz mat enger Zäit vun 02:03,09 duergaangen.
Och d’Jackie Bankie ass um Sonndeg eng A-Finall geschwomm. Och wann d’Zäit net grad gestëmmt huet, war et fir d’Schwëmmerin eng groussaarteg Erfarung.
De Joao Carneiro huet et mat senge 15 Joer an der B-Finall iwwer 200 Meter am 4 Nages op déi 6. Plaz gepackt, huet sech dobäi wéinst sengem jonken Alter awer selwer net ze vill ënner Drock gesat.
Zudeem ass de Max Mannes, deen eenzege Lëtzebuerger, deen dëse Weekend um Podium stoung, an der B-Finall iwwer 100 Meter Crawl op déi 5. Plaz komm.
Nieft de Lëtzebuerger waren natierlech och nees international Spëtzeschwëmmer am Asaz.
Eent dovun ass ouni Zweiwel d’Katinka Hooszu, déi bis elo schonn 3 Mol olympescht Gold a 7 Weltmeeschtertitele gewonnen huet. Zanter 2013 ass déi 29 Joer al Ungarin beim Euro-Meet dobäi.
E weidere Schwëmmer, dee sech an de leschten Deeg an exzellenter Form gewisen huet, ass de Robert-Andrei Glinta, deen ënnert anerem bei den olympesche Spiller iwwer 100 Meter Réck an der Finall stoung. Och e Sonndeg huet hie senger Konkurrenz iwwer 200 Meter Réck keng Chance gelooss.
Alles an allem war et e flotte Weekend an der Coque, bei deem d’Spectateuren e flotte Sport gebuede kruten.
FOTOGALERIE: Andréck aus der Coque vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.