Tönnies / Owomoyela & DickelRassismus-Debatt am däitsche Futtball mat Konsequenzen

RTL Lëtzebuerg
De Clemens Tönnies, Chef vu Schalke 04, schockéiert mat Aussoen iwwer Afrikaner - de Patrick Owomoyela, fréiere Spiller vum BVB, parodéiert den Hitler.
Hu mat hiren Aussoe fir Opreegung gesuergt: Patrick Owomoyela (l.) an Norbert Dickel (r.)
Hu mat hiren Aussoe fir Opreegung gesuergt: Patrick Owomoyela (l.) an Norbert Dickel (r.)
© AFP Archivbild

Bei eisen däitschen Nopere gëtt et den Ament eng verstäerkte Rassismus-Debatt, déi als éischt vum Clemens Tönnies ugefecht an duerno mat problemateschen Aussoe vum Patrick Owomoyela an Norbert Dickel weider ausgebreet gouf. Elo wénken deenen Dräi Konsequenzen.

Causa Tönnies

De Clemens Tönnies, deen nieft senger Funktioun ass Chef bei S04 och ee Schluechthaus leet, war am Kader vum “Dag vum Handwierk” zu Paderborn Gaaschtriedner. Hei huet de Schalke-Boss sech net just kritesch géigeniwwer enger méiglech Steierhausse am Kampf géint de Klimawandel geäussert , mä am Géigesaz 20 Kraaftwierker an Afrika gefuerdert, well “dann würden die Afrikaner aufhören Bäume zu fällen, und sie hören auf, wenn’s dunkel ist, Kinder zu produzieren”.

Causa Owomoyela & Dickel

Ähnlech skandaléis ass dat, wat sech de Patrick Owomoyela (fréiere Spiller) an Norbert Dickel (Stadionspriecher) beim Revéier-Konkurrent Borussia Dortmund geleescht hunn. Bei engem Testmatch géint Udine viru ronn enger Woch hate béid d’Funktioun vum Kommentator vun der Partie. Dobäi hu sech den Owomoyela an Nickel respektlos géintiwwer den italienesche Spiller geäussert a se “Itaker” vernannt.

Géint der Schluss vum Match huet sech de Patrick Owomoyela och nach dozou verféiere gelooss, an engem typeschen Hitler-Tounfall “Große Schlachten, die hier geschlagen wurden” vum Stapel ze loossen.

An dësem Fall kéint een “ausgerechent” den Owomoyela soen, well hie selwer am Joer 2006 Affer vun enger rassistescher NPD-Walcampagne gouf a wësse misst, datt een iwwer gewësse Sujete keng Witzer mécht.

Konsequenzen

Am Fall Tönnies hunn d’Membere vum “Schalker Ehrenrat” doriwwer, wéi d’Konsequenze fir de Schalke-Boss ausgesinn a préiwen een eventuellen Ausschloss aus dem Veräin vum laangjärege Chef an Investisseur. Fir den Ament ass festgehalen, datt den Tönnies sech fir 3 Méint aus dem Veräin zeréckzitt.

Op Säit vun Dortmund gouf um Dënschdeg bekannt, datt de Veräin den Owomoyela an Dickel eng “Denkpaus” mat op de Wee ginn huet, esou datt déi zwee an der nächster Zukunft net méi fir de Veräin an der Ëffentlechkeet, sief et op Tëlee oder Radio, optriede wäerten.

Back to Top
CIM LOGO