Internationale FuttballReal a Bayern bauen Tabelleféierung aus, Victoiren och fir Liverpool an Arsenal

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend ass am internationale Futtball de Ball gerullt.
© AFP

Bundesliga

An der däitscher Bundesliga huet Leverkusen eng 2:0-Féierung géint Leipzig verspillt. Den däitsche Champion huet sech um Enn misse mat engem 2:2 zefridde ginn. Leipzig war no engem 0:2-Réckstand zeréckkomm an huet vun engem spéide Selbstgol vu Leverkusen profitéiert. D’Wierkseelef huet wären dem Match och vill gutt Chancë leie gelooss. De Wirtz huet direkt dräi Mol nëmmen den Aluminium getraff.

Bayern München huet de Remis vu Leverkusen genotzt an huet duerch eng Victoire géint Freiburg de Virsprong an der Tabell op sechs Punkten ausgebaut. Fir den däitsche Rekordchampion gouf et eng verdéngten 2:1-Victoire. D’Bayern sinn zanter 18 Matcher géint Freiburg ongeschloen.

No der Trainerentloossung vum Nuri Sahin huet Borussia Dortmund e Samschdeg ee Punkt géint Bremen gerett. De BVB war trotz enger rouder Kaart vum Schlotterbeck an der 21. Minutt mat 2:0 a Féierung gaangen, dat duerch e Gol vum Guirassy an engem Selbstgol vum Friedl. Eréischt de Gol vum Bittencourt an der 65. Minutt an de Match verännert, sou dass Bremen nom Ausgläich vum Duksch nach Chancen op eng Victoire hat, ma um Enn sollt et net duergoen an et huet ee sech mat engem 2:2 getrennt. Dortmund waart domadder weider op déi éischt Victoire an dësem Joer. Nom Match war et d’Informatioun, datt den Interimstrainer Tullberg och an der Champions League op der Bänk wäert sëtzen.

Am Owesmatch huet sech Gladbach déi éischt Victoire am neie Joer geséchert. Fir d’Ekipp vum Gerardo Seoane gouf et eng verdéngt 3:0-Victoire géint den Tabelleleschte Bochum. Bochum war phaseweis defensiv ze schwaach an huet och am Spill no vir ze wéineg Akzenter gesat.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

La Liga

Ugefouert vum Kylian Mbappé huet Real Madrid déi nächst Victoire an der spuenescher LaLiga gefeiert an den Ofstand op d’Konkurrenz vergréissert. Beim Tabelleleschte Valladolid huet de Leader mat 3:1 (1:0) gewonnen. Et ass déi véiert Victoire noeneen. Den Mbappé huet fir Real direkt dräi Mol getraff.

De Champion huet elo véier Punkte Virsprong op Atlético Madrid, déi sech mat Villarreal (1:1) d’Punkte gedeelt hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Premier League

Liverpool huet sech um 23. Spilldag mat 4:1 géint Ipswich Town behaapt. No Goler vu Szoboszlai (11'), Salah (35') a Gakpo (44') louch ee schonn an der Paus mat 3:0 a Féierung. No der Paus huet de Gakpo (66') op 4:0 erhéicht. A leschter Minutt huet Ipswich nach den 1:4 markéiert.

Arsenal huet sech bei de Wolverhampton Wanderers mat 1:0 duerchgesat. De Calafiori huet an der 74. Minutt den decisive Gol geschoss.

Domadder trenne Liverpool an Arsenal an der Tabell weiderhi sechs Punkten.

Den iwwerraschenden Drëtten an der Tabell Nottingham Forest ass mat 0:5 zu Bournemouth ënnergaangen.

Nei Véierten an der Tabell ass Manchester City. Haaland a Co hu sech géint d’Chelsea mat 4:1 behaapt. D’Goler hunn de Gvardiol, den Haaland an de Foden geschoss. Den Ex-Frankfurter Marmoush huet seng Première gefeiert. Hie stoung an der Startformatioun a gouf an der 74. Minutt ausgewiesselt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Atalanta Bergamo bleift uewen an der Tabell mat drun. D’Ekipp huet mat 2:1 bei Como Calcio gewonnen.

De Leader Neapel huet sech am Spëtzematch mat 2:1 (0:1) géint Juventus Turin duerchgesat. Fir Neapel ass et schonn déi siwent Victoire noeneen. Fir d’Juve war et déi éischt Néierlag an der Serie A an dëser Saison.

Neapel huet an der Tabell eng Avance vu sechs Punkten op de Champion Inter Mailand, huet awer och zwee Matcher méi um Konto wéi Inter. Op der drëtter Plaz läit weiderhi Bergamo mat engem Réckstand vu siwe Punkten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco konnt sech iwwer eng weider Victoire an dëser Saison freeën. Mat 3:2 huet ee géint Stade Rennes d’Iwwerhand behalen.

Fir de Champion PSG gouf et een 1:1-Remis géint Reims. Den Dembélé hat de Leader direkt no der Paus a Féierung bruecht. Zéng Minutte méi spéit haten d’Gäscht duerch den Nakamura ausgeglach. Bei deem Score sollt et bis zum Schluss bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1


Back to Top
CIM LOGO