FuttballReal Madrid u Verflichtung vum Neymar intresséiert

RTL Lëtzebuerg
De Real Madrid hätt dem franséische Champion PSG eng Offer vun 120 Milliounen Euro gemaach plus den Transfert vum Luka Modric.

De Real Madrid schéngt ferm drun intresséiert ze sinn, de brasilianesche Superstar Neymar ze engagéieren. Dat schreift ze mannst emol déi spuenesch Zeitung “Sport”. Wéi et do heescht, sollen déi Kinneklech dem franséischen Champion Paris Saint-Germain eng Offer vun 120 Milliounen Euro gemaach hunn, plus den Transfert vum Welt-Fussballspiller Luka Modric.

De Real soll dem 27 Joe ale Neymar schonn ee fënnef-Jores Kontrakt proposéiert hunn. Hie war 2017 fir eng Rekordzomme an Héicht vun 222 Milliounen Euro vum FC Barcelona op Paräis gewiesselt. Hie wëll awer nees fort beim Paris Saint-Germain an u sech erëm zeréck op Barcelona.

Back to Top
CIM LOGO