An där fir béid Ekippe bis ewell wichtegster Partie vun der Saison huet den DT Rued sech géint den DTRecken an der eegener Hal knapp mat 4:6 misse geschloe ginn. Dës Victoire eleng ass de Reckener awer net duergaangen, fir sech fir de Playoff ze qualifizéieren. Well den Houwald sech e Sonndeg awer mat 6:2 géint Lëntgen duerchgesat huet, sinn den DT Recken an den DT Houwald fir d’Playoffs qualifizéiert.
Berbuerg ass iwwerdeems senger Favoritteroll géint den DT Union Lëtzebuerg gerecht ginn a konnt sech um Enn souverän mat 6:3 duerchsetzen. Et war scho virun der Partie kloer, dass Berbuerg et géif an d’Playoffs packen, wärend den DT Union keng Chance méi hat.
Och an der Partie tëscht Iechternach a Lénger stoung keng Ekipp méi ënner Drock. Um Enn trennt ee sech sou mat engem 5:5. Lénger huet de Sprong an d’Playoffs gepackt, iwwerdeems Iechternach als Tabellennéngten net ëm den Titel spille wäert.
Den amtéierende Champion Hueschtert-Folscht konnt sech mat 6:1 géint Diddeleng behaapten.