DëschtennisRemis tëscht dem Houwald an Hueschtert/Foulscht

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg stoung am Dëschtennis den zweetleschte Spilldag virum Playoff um Programm.
© Archiv

Diddeleng huet sech e Samschdeg fir de Kont vum 7. Spilldag am Dëschtennis-Championnat mat 5:3 géint Berbuerg duerchgesat a bleift un der Spëtzt vun der Tabell. Déi Diddelenger hunn ee Punkt Virsprong op Hueschter/Foulscht. D’Ekipp aus dem Weste vum Land huet sech mam Houwald ee 4:4 gedeelt. Den Houwald steet aktuell op der drëtter Plaz mat zwee Punkte manner wéi de Leader. Lénger steet weiderhin op der 4 a leschter Plaz, fir sech fir de Playoff ze qualifizéiere steet Lénger.

Schonn e Sonndeg gëtt dee leschte Spilldag virum Playoff gespillt. Do falen dann och déi lescht Decisiounen op den éischte véier Plazen.

Den Iwwerbléck vun de Partien an der Nationaldivisioun

Back to Top
CIM LOGO