DëschtennisRemis tëscht Diddeleng a Rued an och tëscht dem Houwald an Hueschtert-Folscht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg stoung den zweete Spilldag vum Playoff am nationalen Dëschtennis-Championnat um Programm.
Dëschtennis - Diddeleng géint Rued
De Match tëscht Diddeleng a Rued ass mat 4:4 op en Enn gaangen.

Den amtéierende Champion Diddeleng fënnt weiderhin net esou richteg an d’Spuer. D’Ekipp ronderëm de Gilles Michely ass net iwwer e 4:4 géint den DT Rued erauskomm. Ënnert anerem huet d’Diddelenger Nummer 1, de Zoltan Fejer-Konnerth iwwerraschend säin Eenzel géint de Peter Musko verluer.

Den Houwald huet iwwerdeems mat 4:4 géint den Tabelleleader Hueschtert-Folscht gespillt. E bëssen iwwerraschend, wann ee bedenkt, datt hir Nummer 1, den Irfan Cekic, keen eenzege Match gewanne konnt. Ma wuel nach méi iwwerraschend war, datt de Gleb Shamruk vun Hueschtert-Folscht, deen an der Verbandsranglëscht op Plaz 6 steet, och seng zwee Matcher verluer huet.

Den DT Lénger konnt sech iwwerdeems mat 5:3 géint Éiter-Waldbriedemes gewonnen. Dobäi muss een awer soen, datt bei Éiter-Waldbriedemes den Evgheni Dadechin net mat dobäi war an d’Ekipp esou geschwächt war.

D’NLAB am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO