EM-Dram geplatztRout Léiwe musse sech mat 0:2 géint Georgien geschloe ginn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet Lëtzebuerg a Georgien d'Halleffinall vun de Playoffs fir op d'EM gespillt.

Um Enn verléiert Lëtzebuerg de Match mat 0:2 géint Georgien. Zweemol huet den Zivzivadze markéiert, ma och de Videoassistent huet eng wichteg Roll am Match gespillt.

Reaktiounen

Reaktioune vun de Lëtzebuerger
De Luc Holtz, de Laurent Jans, de Florian Bohnert an den Anthony Moris am Interview.
De Willy Sagnol am Interview
Den Trainer vun der georgescher Nationalekipp am Interview.

Resumé vum Match

Wéi een et sech erwaarde konnt, hunn d’Georgier an der Ufanksphas probéiert, d’Lëtzebuerger fréi ënner Drock ze setzen. D’Lëtzebuerger hunn e puer Minutte gebraucht, fir sech e bësse vun dëser éischter Well ze befreien. No bësse méi wéi 10 Minutte koumen d’Rout Léiwen dunn dem georgesche Gol eng éischte Kéier méi no.

An der 13. Minutt ass et dunn awer eng éischt Kéier ganz haart am Stadion ginn, well no enger Konterattack hat den Zivzivadze den 1:0 fir d’Georgier um Fouss. De Schoss ass awer just widder de Potto gaangen.

Den Zivzivadze war dann och an der 21. Minutt den Haaptacteur, wéi de Ball eng éischte Kéier am Filet gelant ass. Wéinst engem Foul vum Buteur um Lëtzebuerger Golkipp huet den Arbitter de Gol awer direkt zeréckgepaff. Et blouf also glécklecherweis beim 0:0.

An der Suite waren d’Rout Léiwe weiderhi ferm ënner Drock. An der 40. Minutt konnten d’Georgier dunn no engem Corner duerch den Zivzivadze mat 1:0 a Féierung goen. D’Lëtzebuerger Defense hat an där Situatioun net ganz gutt ausgesinn. Mat deem Score ass et dunn och an d’Paus gaangen.

Den 1:0 fir Georgien
Den Zivzivadze mam éischte Gol.

D’Rout Léiwe sinn engagéiert aus der Paus komm an haten a Persoun vum Leandro Barreiro eng éischt gutt Chance. An der 52. Minutt gouf et eng Aktioun, wou de Maxime Chanot an de Mikautadze am Duell waren. De Georgier ass gefall, den Arbitter hat awer op Weiderspillen decidéiert.

An der nächster Aktioun huet Lëtzebuerg duerch de Gerson Rodrigues den 1:1 markéiert. Deen Ament huet de VAR agegraff. Um Gol vun de Lëtzebuerger war wuel näischt falsch, ma et goung zeréck op den Duell Chanot-Mikautadze. Wéinst engem Foulspill do gouf de Gol vun de Roude Léiwen annuléiert an de Maxime Chanot krut Rout gewisen.

Gol vum Gerson Rodrigues zielt net, Rout fir Maxime Chanot
De VAR hat agegraff.

Wéi wann dat net batter genuch gewiescht wier, hunn d’Georgier fënnef Minutte méi spéit, an der 63. Minutt, duerch den Zivzivadze den 2:0 markéiert.

Den 2:0 fir Georgien
Op en Neits war et den Zivzivadze.

Dono huet Georgien d’Avance gréisstendeels geréiert. D’Lëtzebuerger hu sech zu 11 Mann laang Zäit schwéier gedoen am Spill no vir an zu 10 war et dunn nach eemol méi schwéier. Bis zum Enn vum Match hunn d’Lëtzebuerger gekämpft, ma si konnten de Réckstand net méi ophuelen. Um Enn wënnt Georgien mat 2:0, esou datt den Dram vun der Europameeschterschaft fir d’Lëtzebuerger eriwwer ass.

Back to Top
CIM LOGO