Successioun vun Domenico TedescoRudi Garcia gëtt neie belsche Futtball-Nationaltrainer

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et scho Rumeure gouf, ass et elo offiziell: An der Belsch gëtt de Rudi Garcia neie Futtball-Nationaltrainer.
De Rudi Garcia als Trainer vun Neapel
De Rudi Garcia als Trainer vun Neapel
© AFP

De Fransous iwwerhëlt d’Successioun vum Domenico Tedesco. No enttäuschende Resultater ass dem Däitsche säi Kontrakt un der Spëtzt vun de Diables Rouges viru kuerzem opgeléist ginn.

De Garcia huet fir d’lescht den SSC Neapel trainéiert.

RTL-News (17.1.25): Diables Rouges: Den Domenico Tedesco ass net méi belsche Futtballnationaltrainer

Back to Top
CIM LOGO