
Am Dëschtennis-Championnat hu sech um leschte Spilldag vum Playoff Rued an Éiter-Waldbriedemes déi 2 lescht Tickete fir d’Halleffinalle geséchert.
Rued huet beim Houwald 5:2 gewonnen. Doduerch konnt sech Éiter/Waldbriedemes eng 3:5-Néierlag zu Diddeleng leeschten.
Déi aner 2 Ekippen an den Halleffinalle si jo Hueschter-Foulscht a Lénger.
An der NLAB war et de Weekend och dee leschte Spilldag. Berbuerg an d’Union bleiwen an der Audi TT League, nei mat dobäi sinn d’nächst Saison Recken an Esch Abol.