
An der Coque wäerten dee Weekend zwee bekannte Gesiichter am Lëtzebuerger Dëschtennis feelen. D’Sarah De Nutte an de Luka Mladenovic starten net beim Championnat. Déi zwee Lëtzebuerger wëlle sech nach fir d’Olympesch Spiller am Summer zu Paräis qualifizéieren a wäerten dofir bei engem Qualifikatiounstournoi zu Beirut am Libanon starten.