
Scho freides war d’Lëtzebuergerin géint TTK Anröchte a gudder Form a konnt déi den Dubbel wéi och déi zwee Eenzel gewannen.
De Retourmatch Sonndes war méi ëmkämpft, ma um Enn stoung och hei e 6-3 fir den TuS Bad Driburg. Hei konnt d’Sarah de Nutte mat eng super Leeschtung op sech opmierksam maachen.
An der Halleffinall den 30. Abrëll gëtt et e gudde Strapp méi schwiereg, well da geet et géint den aktuelle Champion a Pokalgewënner SV DJK Kolbermoor.