
Um Enn huet d’Ekipp ronderëm d’Lëtzebuerger Nationalspillerin mat 1:3 verluer a muss sech also mat der ondankbarer 4. Plaz am Championnat zefridde ginn. D’Sarah De Nutte konnt heibäi fir den eenzege Punkt vun hirer Ekipp suergen, andeems si sech iwwerraschend kloer mat 3:0 géint d’Hana Matelova duerchsetze konnt, déi an der Weltranglëscht op der 18. Plaz steet an an der franséischer Ranglëscht op Plaz 2.