DëschtennisSarah de Nutte verpasst d'Finall vun der Champions League

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin spillt jo beim franséische Veräi Saint Quentin.
© RTL

Am Dëschtennis huet d’Sarah de Nutte mat hirem franséische Veräi Saint Quentin d’Finall vun der Champions League knapp verpasst.

D’Lëtzebuerger Nationalspillerin huet sech mat hire Matspillerinnen 2-3 géint Linz misse geschloe ginn. An der Partie déi an Éisträich war, huet de Nutte hire Simple mat 1-3 géint Liu Jia, fréier Nummer 9 op der Welt, verluer.

Minimalzil erreecht / De Reportage vum Fränky Hippert

Back to Top
CIM LOGO