
D’Sarah de Nutte huet den Optaktmatch gespillt, ma d’Lëtzebuergerin huet sech knapps mat 1:3 missen der däitscher Nationalspillerin Xiaona Shan geschloe ginn. Och dem de Nutte hir Teamkomerodinnen hunn hir Matcher verluer an esou war d’Finall onerreechbar a Berlin stoung domat an der Finall. Hei huet den Titelverdeedeger sech awer misse mat 1:3 géint Kolbermoor geschloe ginn.