Dëschtennis Sarah De Nutte verpasst mat Metz Champions-League-Titel

RTL Lëtzebuerg
D'Sarah De Nutte koum am Retourmatch an den Asaz an huet hire Match gewonnen.
D'Sarah De Nutte am Joer 2022.
D’Sarah De Nutte am Joer 2022.
© Archiv / Xinhua via AFP

D’Sarah De Nutte huet en Donneschdeg den Owend mat hirem Veräin Metz TT am Retourmatch vun der Champions-League-Finall eng enk 3:2-Victoire géint den TTC Berlin Eastside gefeiert. No enger 1:3-Defaite am Allersmatch ass d’Victoire vum Donneschdeg net duergaangen, fir sech den Titel ze sécheren.

D’Berlinerinne waren am Retourmatch séier mat 2:1 a Féierung gaangen, wat bedeit huet, dass de Championstitel hinne net méi ze huele war. Beim 2:2-Zwëschestand koum d’De Nutte an den Asaz a konnt sech an engem spannende leschte Match géint dat däitscht Nowuesstalent Josephina Neumann duerchsetzen.

Och déi Lëtzebuerger Dëschtennis-Arbittere Pol Pierret a Frank Schoellen ware bei der Champions-League-Finall am Asaz.

PDF: Communiqué vun der FLTT

Back to Top
CIM LOGO