
Bei de Championnater hei am Land wäert d’Sarah de Nutte dann an Zukunft ënner Diddelenger Lizenz spillen. Weider wiesselt jo och den Dennis Huberty bei de Veräin aus der Forge du Sud.
Den DT Rued huet sech iwwerdeems mam Joël Kox verstäerkt, dee vu Beetebuerg-Peppeng kënnt. Mam Eric Thillen verléisst dann awer och ee Spiller den DT Rued an dat a Richtung Berbuerg.