FuttballSaudi-Arabien start Liga fir Fraen

RTL Lëtzebuerg
A Saudi-Arabien fänkt en Donneschdeg fir déi éischte Kéier d'Futtball-Premier-League fir Fraen un.
© AFP/OZAN KOSE

Um éischte Spilldag treffen en Donneschdeg d’Ekippen Al-Nassr a Sama openeen. Dëst an der saudescher Haaptstad Riad.

Wéi et vu lokale Medien heescht, si fir déi éischte Kéier och Spectateuren zougelooss. Fréier waren nëmme Familljemembere vun de Spillerinnen als Zuschauer erlaabt.

Bis Mëtt Februar wäerten 8 Ekippen an insgesamt 56 Matcher géinteneen untrieden.

Bis virun e puer Joer war et Fraen am konservative Kinnekräich komplett verbueden, Futtball ze spillen. Zanter 2018 erlieft d’Land allerdéngs eng Rei Oplockerungen, wat d’Fraerechter ugeet. Trotzdeem bleift d’Mënscherechtssituatioun kritesch.

Back to Top
CIM LOGO