RIPSchisprénger Matti Nykänen am Alter vu 55 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Bei den Olympesche Wanterspiller 1984 an 1988 huet den Nykänen 4 Goldmedailen an eng Sëlwermedail gewonnen. An der Nuecht op e Méindeg ass e gestuerwen.
© AFP

Aus dem Schisprangen ass et déi traureg Nouvelle vum Doud vum Matti Nykänen. De véierfachen Olympiagewënner aus Finnland ass am Alter vu 55 Joer gestuerwen. Dat hunn déi finnesch Autoritéiten confirméiert.

De fréiere Sportler soll scho méi laang krank gewiescht sinn, sot de Chef vun der finnescher Schisprénger-Federatioun. Déi genee Doudesursaach ass net bekannt. De Matti Nykänen huet zu de gréisste Schisprénger vun allen Zäite gehéiert. Hien huet am ganze véier mol olympescht Gold an eemol Sëlwer gewonnen. Donieft huet hie véier mol de Gesamt-Weltcup zu senge Gonschten entscheet, d’Véierschanzentournée hat de Matti Nykänen zwee mol gewonnen.

Privat hat de Sportler mat eng sëlleche Problemer ze kämpfen. 1991 hat hie mat senger Carrière opgehalen, gezeechent deemools vum Alkohol. Hie koum och dacks mam Gesetz a Konflikt a souz ënnert anerem wéinst Mësshandlung wéinst enger vu senge Fraen e puer mol am Prisong. De Matti Nykönen war am ganze fënnef mol bestuet an hannerléisst dräi Kanner.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO