Um Wee a LitauenSchreckminutt fir d'Rout Léiwen am Fliger

RTL Lëtzebuerg
Schrecksekonn oder besser gesot Schreckminutte fir déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp op hirem Wee a Litauen.
© Franky Hippert

Schrecksekonn oder besser gesot Schreckminutte fir déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp op hirem Wee a Litauen.Wou jo e Freideg den Owend um 20.45 Auer d’Partie an der Europameeschterschaftsqualifikatioun zu Vilnius ass.

Schreckminutt fir d’FLF/Reportage Franky Hippert

20 Minutten nom Depart vum Vol mat der Charter-Gesellschaft Carpatair, wou souwuel d’FLF-Ekipp wéi och d’Press dra war, war op eemol Damp mat engem Geroch vu Plastik, dee verbrannt war, am Fliger.

© Franky Hippert

D’Stewardessen an en Techniker waren direkt mat engem Feierläscher do. De Pilot hat de Problem awer erkannt, d’Ventilatioun hat iwwerhëtzt.

De Luc Holtz reagéiert op de Virfall

Duerno ass de Fliger, wat d’Héicht ugeet, an enger Sécherheets-Area weidergeflunn, fir de Fall vun enger Noutlandung. Fir d’Spiller war dat ganzt natierlech en onnéidege Stress, een Dag virum wichtegen Auswäertsmatch.

© Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO