WimbledonSchwéiert Lous fir d'Mandy Minella

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin kritt et am éischten Tour zu Wimbledon mat der Hollännerin Kiki Bertens ze dinn. De Match ass fir den 2. Juli ugesat.
© pressphoto (Archiv)

E Freideg an der Mëttesstonn war zu Wimbledon d'Auslousung vum Haapttableau. D'Mandy Minella huet beim drëtte Gran-Slam-Tennis-Tournoi vum Joer e richtegt schwéiert Lous erwëscht. Déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora krit et nämlech mam Kiki Bertens aus Holland, aktuell Nummer 4 op der Welt, ze dinn. D'Minella steet am WTA-Ranking op der 98.

Bis elo hunn déi zwou Spillerinnen zweemol géintenee gespillt, 2008 hat d'Lëtzebuergerin gewonnen, 2010 hat sech d'Bertens duerchgesat. D'Hollännerin ass dës Saison richteg gutt a Form. Si war ënnert anerem beim Tournoi op Wues zu s'Hertogenbosch bis an d'Final komm.

Back to Top
CIM LOGO