
A Serbien huet Vojvodina mam Seid Korac 3:2 géint TSC Backa Topola gewonnen. Den decisive Gol fir d’Heemekipp ass réischt an der Nospillzäit gefall. De Korac stoung de ganze Match um Terrain a krut an der 40. Minutt déi giel Kaart gewisen.
An der zweeter däitscher Bundesliga waren direkt dräi Lëtzebuerger mat hiren Ekippen am Asaz. Wärend et fir den FC Magdeburg mam Eldin Dzogovic en 2:2 géint den HSV gouf an een e Punkt konnt doheem halen, huet den FC St. Pauli déi éischt Plaz an der Tabell géint Elversberg mam Co-Trainer Raphael Duarte verluer. Trotz enger 1:0- an 2:1-Féierung fir Pauli, konnt Elversberg de Match dréinen a mat 4:3 fir sech decidéieren. Den Danel Sinani souz wéi och den Eldin Dzogovic déi ganz Partie iwwer op der Bänk.
Am Aserbaidjan huet Sabah Baku iwwerraschend mat 3:2 géint de souveränen Tabelleleader Qarabag Agdam gewonnen. De Vincent Thill stoung wéinst enger Blessur net am Kader vu Baku.
En 2:2-Remis gouf et fir de Maxime Chanot mat Los Angeles FC zu Portland. Den Ofwierspiller souz awer de ganze Match op der Bänk.
Fir d’Union St.-Gilloise mam Anthony Moris gouf et eng batter 1:2-Néierlag zu Anderlecht. Nodeems et 1:1 stoung an dem Moris seng Ekipp an Iwwerzuel war, huet Anderlecht an der 76. Minutt den entscheedende Gol markéiert. De Golkipp stoung 90 Minutten um Terrain. An der Tabell huet d’USTG op der 2. Plaz 3 Punkte Retard op de Leader Anderlecht.
NEC Nijmegen huet an Holland 2:2 gläich géint Zwolle gespillt. No sengem Rass an de Kräizbänner war den Yvandro Borges net am Kader.
Wichteg Punkten huet de Leandro Barreiro e Samschdeg an der Bundesliga mat Mainz gesammelt. An der Lutte géint den Ofstig huet een Hoffenheim mat engem 4:1 keng Chance gelooss. Mainz steet den Ament op der Relegatiounsplaz, ma huet elo nëmmen nach ee Punkt Réckstand op Bochum. An der Paus louchen d'05er nach hannen, ier nom Téi de Knuet geplatzt ass. De Barreiro stoung an der Startformatioun an huet de ganze Match duerchgespillt.
Eng staark Leeschtung huet de Florian Bohnert gewisen. De Lëtzebuerger huet fir Bastia den éischte Gol preparéiert. Um Enn huet ee sech zu Bordeaux mat 3:2 behaapt. De Lëtzebuerger ass an der 72. Minutt ausgewiesselt ginn. Bastia läit op der 14. Plaz an der franséischer Ligue 2.
An der Slowakei ass Slovan Bratislava Champion. Der Ekipp vum Gerson Rodrigues ass e Samschdeg een 0:0-Remis géint Dunajska Streda duergaangen, fir sech fréizäiteg den Titel ze sécheren. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung op en Neits net am Kader an huet sech d’Feierlechkeete musse vun der Tribün aus ukucken.
E batteren Dag war et fir Arnheim mam Mica Pinto am hollännesche Championnat. Mat 0:6 huet ee sech beim Leader PSV Eindhoven misse geschloe ginn. Arnheim steet op der leschter Plaz an der Tabell.
Ouni Chance war am Schwäizer Championnat Yverdon mam Mathias Olesen zu St. Gallen. Mat 1:5 ass een ënner d’Rieder komm. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 62. Minutt agewiesselt.
An der 3. Liga an Däitschland huet Waldhof Mannheim mam Laurent Jans 1:1 zu Duisburg gläichgespillt. De Lëtzebuerger gouf an der 46. Minutt agewiesselt. Mannheim kämpft géint den Ofstig, Duisburg steet den Ament op enger direkter Ofstigsplaz.
Am bulgaresche Championnat huet ZSKA Sofia mam Enes Mahmutovic wichteg Punkten an der Lutte ëm den Titel leie gelooss. Virun den eegene Spectateuren huet ee sech musse mat 1:2 géint Blagoevgrad geschloe ginn. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten um Terrain. Ee Match ier et an de Playoff geet, huet Sofia als Tabellenzweeten néng Punkte Retard op de Leader Ludogorets (ee Match manner).
An der éischter Liga a Polen stounge sech e Freideg zwee Lëtzebuerger géintiwwer. De Sébastien Thill a Stal Rzeszow hunn den Derby bei Resovia mam Edvin Muratovic mat 2:0 gewonnen. Béid Lëtzebuerger stoungen de ganze Match um Terrain. Den Thill huet den 1:0 an der 23. Minutt virbereet, de Muratovic huet an der 76. Minutt Giel gesinn. Resovia kämpft als 16. géint den Ofstig, Rzeszow steet op der 11. Plaz.