Liichtathleetik-EMSensationell Sëlwermedail fir de Ruben Querinjean iwwer 3.000 Meter Steeple

RTL Lëtzebuerg
Risen Exploit um Sonndeg den Owend vum Ruben Querinjean. De Lëtzebuerger gëtt mat enger Zeit vun 8 Minutten, 25 Sekonnen an 61 Honnertstel Vize-Europameeschter iwwer 3000 Meter Steeple.
Germany's Frederik Ruppert celebrates as he crosses the finish line to win the men's 3000m steeplechase final during the European Athletics Championships at Alexander Stadium in Birmingham on August 16, 2026. (Photo by Paul ELLIS / AFP)
De Ruben Querinjean op de leschte Meteren
© AFP

Um leschten Dag vun der Liichtathleetik-EM zu Birmingham an England war mam Ruben Querinjean och e Lëtzebuerger am Asaz. De 24 Joer ale Ruben Querinjean ass e Sonndeg den Owend um 21:50 Auer Lëtzebuerger Zäit iwwer 3.000 Meter Steeple an der Finall ugetrueden. De Lëtzebuerger, aktuell 13. an der Weltranglëscht, ass an enger Zäit vun 8 Minutten, 25 Sekonnen an 61 Honnertstel op déi sensationell 2. Plaz gelaf. De Querinjean louch déi éischt 2.000 Meter quasi dauernd ëm d'Positioun 8 bis 9, éier hie sech op de leschte 600 Meter no vir konnt schaffen an du säi Sprint no vir lancéiert huet. No enger sensationeller an ofgekläerter Schlussphas vum Ruben Querinjean ass um Enn Sëlwer fir de Lëtzebuerger erausgesprongen.

Bal genee 20 Joer nom David Fiegen huet Lëtzebuerg also een neie Vize-Europameeschter an der Liichtathleetik.

An enger Course, déi vun der Vitess hier ganz lues ugaangen ass, huet sech um Enn de Frederik Ruppert aus Däitschland mat engem staarke Schlusssprint den Europameeschtertitel geséchert, dat mat enger Zäit vun 08:25.33 Minutten. De Podium komplettéiert nieft dem Zweete Querinjean op der drëtter Plaz mam Karl Bebendorf (8:26:65 Minutten) e weideren däitschen Athlet.

Back to Top
CIM LOGO