
A véier Länner (Zypern, Finnland, Polen a Lettland) gëtt d’Gruppephas vun der Europameeschterschaft 2025 gespillt. Vun der Aachtelsfinall u ginn all Matcher zu Riga (Lettland) gespillt.
Bei de meeschten Experte steet Serbien ganz uewen op der Favorittelëscht. D’Ekipp ronderëm de Superstar Nikola Jokić vun den Denver Nuggets aus der NBA trëtt mat engem ganz staarke Kader un an huet och an der Virbereedung op d’Europameeschterschaft iwwerzeegt. Den 30 Joer ale Jokić steet op de Wett-Säiten och ganz uewen, fir sech den Titel vum wäertvollste Spiller vun der EM ze sécheren.
No dem groussen Iwwerraschungscoup bei der Weltmeeschterschaft 2023 steet Däitschland och bei der Europameeschterschaft op der Lëscht vun de Favoritten. De Franz Wagner, Dennis Schröder a Co. si gutt opgestallt a kéinte Serbien geféierlech ginn. Grouss Chancen op eng Medail huet och Frankräich, dat obwuel mam Victor Wembanyama a mam Rudy Gobert zwee grouss Spiller ënnert dem Kuerf net mat dobäi sinn. Griicheland a Slowenien setzen alles op hire jeeweilege Superstar. Et wäert interessant ze gesi sinn, wéi wäit de Giannis Antetokounmpo d’Griichen droe kann, dat nämmlecht gëllt fir de Luka Dončić mat Slowenien. Nëmmen Aussesäiterchancen huet dogéint den Titelverdeedeger Spuenien.
Fir d’éischt geet et fir d’Ekippen drëms, sech eng vun den éischte véier Plazen an den insgesamt véier Gruppen ze sécheren a sech domat fir d’Aachtelsfinall ze qualifizéieren. Déi grouss Finall wäert de 14. September gespillt ginn. Basketfrënn kommen deemno déi nächst zwou an hallef Woch op hir Käschten. Lass geet et um Mëttwochmëtteg mam Match Groussbritannien géint Litauen.