
Bei den Damme konnt sech d’Mikaela Shiffrin fir déi véierte Kéier noeneen d’Kroun vun der Slalom-Weltmeeschterin opsetzen. Virun hir hat dat nach kee gepackt. Domat huet si der Lokalmatadorin Anna Swenn Larson déi éischt Plaz um Podium virum eegene Public verhënnert.
Um Enn hat d’Schwedin ee ganz knappe Réckstand vun nëmmen 58 Honnertstel op d’US-Amerikanerin. Déi drëtte Plaz um Träpplek war fir d’Slowakin Petra Vlhowa op 1 Sekonn an 3 Honnertstel.