
D’Pläng vun der US-Regierung sinn “absolut inakzeptabel. D’Meenungsfräiheet an d’Recht op Privatsphär sinn universell Mënscherechter. Kee Futtballfan gëtt dës Rechter op, just well hien iwwer eng Grenz geet”, seet de Ronan Evain vun der Fanorganisatioun Football Supporters Europe (FSE) géintiwwer der Sportschau.
An engem neien Uerder vum amerikanesche Ministère fir d’Heemeschtsschutz aus der leschter Woch huet et geheescht, datt all Leit, déi aus Länner areesen, an deenen et keng Visasflicht gëtt, an Zukunft “hir sozial Medien aus de leschte fënnef Joer” musse virleeën. Och ginn perséinlech Date vu Familljemembere verlaangt, wéi Numm, Adress oder Telefonsnummer. Déi nei Reegelung soll an den nächste 60 Deeg a Kraaft trieden, wa kee juristesch dogéint virgeet.
D’Richtlinne schafen “eng Atmosphär vun der Iwwerwaachung, déi dem aluedenden an oppene Geescht vun der Weltmeeschterschaft diametral entgéintsteet. Dowéinst muss dat direkt zeréckgeholl ginn”, fuerdert den Evain an engem Statement vun der FSE. Hie warnt virun enger “Weltmeeschterschaft ouni Reegelen”. Et wier dréngend noutwenneg, datt d’FIFA “d’Sécherheetsdoktrin vum Tournoi ofkläert, fir dass d’Fans eng fundéiert Decisioun kënnen huelen, ob si reesen oder doheem bleiwen”.
D’Minky Worden vun der Mënscherechtsorganisatioun “Human Rights Watch” gesäit och d’FIFA an der Flicht. Dës misst d’Trump-Regierung “ënner Drock setzen”. D’Weltmeeschterschaft wier “keng Geleeënheet fir d’USA, d’Fans an d’Journalisten, deenen hir Meenung den Trump-Mataarbechter net passen, auszeschléissen an ze schikanéieren”, esou d’Worden géintiwwer dem Noriichtemagasinn Politico. Den Ticketsverkaf fir den Tournoi ass aktuell an de leschten Zich.