Schi AlpinSofia Goggia gewënnt chaotesch Descente

RTL Lëtzebuerg
D'Italienerin huet d'Descente zu Crans-Montana am Walliss virun de Schwäizerinne Joana Hähle a Lara Gut gewonnen.
© AFP

D’Descente beim Weltcup zu Crans-Montana an der Schwäiz huet e Samschdeg direkt e puer Mol missen ënnerbrach ginn. Déi éischt méi laang Paus gouf et direkt am Ufank, well d’Weltmeeschterin Ilka Stuhec mam Dossard 1 gefall war an an de Netzer gelant war. D’Slowenin konnt duerno wuel selwer an d’Zil fueren, ma gouf awer wéinst Problemer um Knéi an d’Klinik bruecht. 2017 hat d’Stuhec fir d’lescht ee Kräizbandrass.

Duerno gouf et Problemer mam Moosse vun der Zäit. No knapp 50 Minutte waren eréischt 12 Schifuererinnen am Zil ukomm.

Um Enn konnt d’Descente awer nach op een Enn bruecht ginn. D’Sofia Goggia huet souverän gewonnen an hat e Virsprong vun 49 Honnertstel op d’Schwäizerin Joana Hähle an 45 Honnertstel op déi aner Schwäizerin Lara Gut.

Back to Top
CIM LOGO