Novotel Cup am Volleyball: Dag 3Souverän Victoire fir d'FLVB-Dammen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war de leschte Spilldag vum 35. Novotel Cup an der Coque. D'Lëtzebuergerinne konnte mat 3:0 géint déi däitsch U18 gewannen.
Novotel Cup am Volleyball
Esouwuel d’Lëtzebuerger Dammen ewéi och d’Häre konnten den Tournéier an der Coque gewannen.

D’Lëtzebuerger Damme schléissen den Novotel Cup mat der zweeter Victoire of. Géint d’U18 vun Däitschland konnte sech d’Rout Léiwinne kloer 3:0 duerchsetzen. D’Ekipp vum Nationaltrainer Fabio Aiuto huet déi éischt zwee Sätz dominéiert (25:15, 25:14), krut am drëtte Saz awer méi Géigewier vun den Däitschen. Van Elslande, Trantini & Co si laang engem Réckstand hannendru gelaf a konnten eréischt beim Stand vun 13:12 eng éischt Kéier a Féierung goen. Mat engem 9:0-Laf konnten d’Lëtzebuergerinnen de Grondstee fir d’Dräi-Saz-Victoire leeën, fir um Enn mat 25:18 ze gewannen.

Am éischte Match vum leschte Spilldag hate sech bei den Hären England an d’U19 vun Däitschland duelléiert. Um Enn steet zwar e kloren 3:0 fir d’Britten, mee d’Sätz waren alleguer ganz serréiert. England konnt sech ëmmer mat just zwee Punkte méi duerchsetzen (32:30, 27:25, 26:24).

Back to Top
CIM LOGO