
Aus dem Volleyball ass et d’Nouvelle, datt de Kamil Rychlicki déi italienesch Nationalitéit ugeholl huet an déi och elo offiziell krut, dëst mellen italieenesch Medien.
De Rychlicki spillt um allerhéchsten Niveau Volleyball a wäert elo fréistens 2024 kënne fir déi italieenesch Nationalekipp spillen, deemno op den Olympesche Spiller zu Paräis.
Italien gouf de leschte Sonndeg Weltmeeschter am Hären-Volleyball.