Éischte Kéier bei Paralympesche SpillerSportlerin Katrin Kohl hat bei Wildcard gezéckt

RTL Lëtzebuerg
No den olympesche Spiller zu Paräis stinn elo déi paralympesch Spiller an der franséischer Haaptstad virun der Dier.
© LPC

13/08/2024 BAND 12h30 Katrin Kohl virun den paralympeschen Spiller / Sam Rickal

Vum 28. August bis den 8. September si ronn 4.400 Athleten an 22 Sportaarten am Asaz. Mam Tom Habscheid an dem Katrin Kohl sinn och zwee Lëtzebuerger Sportler mat dobäi. Fir déi 28 Joer jonk Lëtzebuergerin sinn et déi éischt paralympesch Spiller. Opgrond vun enger Wildcard ass si mat dobäi. An der Para-Liichtathletik geet d’Katrin Kohl am Rennrollstull op den 100 Meter Sprint un den Depart. De Moment, wou si gewuer gouf, dass si zu Paräis däerf untrieden, huet d’Katrin Kohl sech zwar gefreet. An awer huet d’Athletin vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité e bësse gezéckt.

Doduerch datt ech eng Wildcard kritt hunn, soen ech net wierklech, dass ech mech qualifizéiert hunn. Ech hat ee Laachen um Gesiicht, et war awer net sou dat richteg, dass ech sou elo vu Freed gejaut hunn. Ech hat virdrun awer e bëssen eng schwéier Zäit, well déi lescht Kompetitiounen net grad esou gelaf sinn, wéi ech mir dat erhofft hat. Ech hat mech e bësse schwéier gedoen, ob ech se da géing huelen oder net. Ech hu mir duerno schlussendlech een Dag nach Bedenkzäit ginn an hunn se dunn ugeholl.

Déi lescht Kompetitioune waren net ganz optimal, d’Preparatioun fir Paräis verleeft dogéint awer gutt. D’Katrin Kohl freet sech virun allem op déi gutt Ambiance zu Paräis an hofft, dass vill Spectateure wäerte mat dobäi sinn.

“Einfach déi ganz Atmosphär ass eppes aneres. Ech hu just eng Kompetitioun. Et muss ee kucke, wéi vill ech virdru ka maachen, wéi vill ech nach trainéiere muss, wéi vill ech mech do oflenken loossen dierf. Et muss een dat mengen ech awer e bësse mathuelen. Et ass eng eemoleg an extra Atmosphär, déi ech soss nach net bei enger Kompetitioun bis elo hat.”

D’Katrin Kohl ass de 4. September an der Kategorie T54, bei den 100 Meter Spezialiste mat der beschter Rumpf-Stabilitéit, am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO