
Et war eng ganz spannend Partie tëscht de Spuenier an Australien, mä um Enn mam besseren Enn fir d’Europäer. An der Finall spille si elo entweder géint Frankräich oder géint Argentinien, déi sech an der zweeter Halleffinall géigeniwwer stinn.
D’Argentinier hu sech de Freideg de Mëtten an der Halleffinall kloer géint d’Fransousen duerchgesat, 80 zu 66.
Fir béid Länner wier et deen zweete Weltmeeschtertitel. Argentinien huet am Joer 1950 déi éischt Basket-Weltmeeschterschaft gewonnen a Spuenien konnt sech 2006 de WM-Titel sécheren.
D’Finall ass e Sonndeg um 14 Auer eiser Zäit.