
Um Sonndeg stoung bei den Hären zu Hochfilzen an Éisträich d’Staffel um Programm. No enger spannender Course war d’Entscheedung am leschte Schéisse gefall. Schweden an Norwegen ware mateneen un der Spëtzt a sou war et dat lescht Schéissen, dat d’Entscheedung huet misse bréngen. Hei war et um Enn de Sebastian Samuelsson aus Schweden, dee seng Nerve besser am Grëff hat, ewéi de Norweger Johannes Thingnes Bö, dee sengersäits eng Kéier an d’Strofronn misst. Um Enn hat Schweden 5,7 Sekonnen Avance viru Norwegen. Op der drëtter Plaz um Podium stoung déi däitsch Formatioun, déi Russland an der leschter Ronn hannert sech loosse konnt.
Virun der Course bei den Häre waren d’Dammen och ewell am Asaz. Hei gouf et an der Poursuite iwwer 10 Kilometer eng Victoire vum Marte Olsbu aus Norwegen. Zweet gouf d’Dzinara Alimbekava aus Wäissrussland mat engem Réckstand vun 13, 9 Sekonnen. D’Julia Simon aus Frankräich konnt sech déi drëtte Plaz sécheren, dëst virum Hanna Öberg, dat domat och d’Féierung am General un d’Marte Olsbu ofgi muss.