TriathlonStefan Zachäus packt et an Australien an d'Top-15

RTL Lëtzebuerg
Beim Mooloolaba Triathlon World Cup an Australien waren insgesamt dräi Lëtzebuerger Athleten um Depart.

De Stefan Zachäus ass zu Mooloolaba op déi 13. Positioun komm. Fir de ganze Parcours huet de Lëtzebuerger 52 Minutten a 47 Sekonne gebraucht, dat war knapp 1 Minutt an 30 Sekonne méi lues, wéi de Gewënner Tyler Mislawchuk aus Kanada.

Déi 24. Plaz goung mat enger Zäit vun 53 Minutten a 16 Sekonnen un de Bob Haller. Deen aner Lëtzebuerger Oliver Gorges gëtt iwwerdeems mat DNF opgelëscht - deemno huet de de jonken Athlet d’Zillinn net gesinn.

Back to Top
CIM LOGO