Am Rehazenter goufen e Mëttwoch den Owend d’Kadere vum Luxembourg Paralympic Commitee (LPC) virgestallt. Am Ganze sinn 12 Athleten aus 7 verschiddene Sportaarten an dräi Kadere verdeelt.
Am Elitekader sinn d’Katrin Kohl an der Para Liichtathletik an de Steve Nothum am Para Trappschéissen. Béid Para-Athlete gëllen als Hoffnungsdréier fir LA 2028. Ofzewaarde bleift awer ob dem Steve Nothum seng Disziplin 2028 bei de Paralympesche Spiller um Programm steet.
Am Promotiouns- grad ewéi am Verbandskader si weider Para-Athleten, déi op internationalem Niveau déi Lëtzebuerger Faarwe vertrieden. Mam Cäecilie Riedl an dem Roberto Lombo am Para Judo gesäit de President vum LPC Marc Schreiner weider potentiell Kandidate fir LA 2028. Och de Joe Schmit am Para Klamme kéint fir eng Qualifikatioun a Fro kommen.
Nieft de Kadere goufe mam Tom Habscheid (Para Liichtathletik), dem Joe Kurt (Para Triathlon) an dem Joel Adams (Para Vëlossport) dräi Athlete geéiert, déi hir international Karriär un den Nol gehaangen hunn.