
D’Sprangen zu Engelberg ass traditionell déi leschte Statioun am Schisporng-Zirkus virum Optakt vun der Véier-Schanzen-Tournee. Um Samschdeg konnt sech de Pol Kamil Stoch mat Spréng op 138 a 136 Meter déi 1. Plaz sécheren. Fir hie war et säin insgesamt 34. Erfolleg a senger Karriär. Op d’Plazen 2 a 3 kommen de Stefan Kraft aus Éisträich (134,5/137 Meter) an den däitsche Karl Geiger (133,5/135 Meter).