
Am Volleyball-Championnat bleift Stroossen och nom 7. Spilldag ongeschloen. E Samschdeg den Owend huet de Champion 3:1 géint Bartreng gewonnen an domadder d’Féierung an der Tabell weider ausgebaut.
Amber-Lënster huet 0:3 géint Iechternach verluer a Fenteng huet Dikrech 3:1 geklappt.
Bei den Dammen ass de Champion Walfer och nach ëmmer ongeschloen. E Samschdeg huet ee Bartreng 3:0 geklappt. D’Gym ass op Stengefort 3:1 wanne gaangen a bleift um Leader drun. An Esch huet 0:3 géint Mamer de Kierzere gezunn.
