
Den Tabelleleader Stroossen hat keng Problemer fir sech mat 3:0 zu Fenteng duerchzesetzen. Am éischte Saz huet D’Heemekipp nach matgehalen an awer mat 19:25 de Kierzere gezunn. An den 2 anere Sätz huet de Favorit awer kuerze Prozess (25:10, 25:11) gemaach.
Luerenzweiler huet sech kloer an 3 Sätz mat 3:0 beim Chev Dikrech behaapt. Den éischten an de leschte Saz si kloer un d’Gäscht gaangen. Dikrech huet an der 2. Manche gutt matgehalen, déi awer knapp mat 23:35 verluer.
Och mat 3:0 huet sech Bartreng géint Iechternach behaapt. Déi 2 éischt Sätz waren eng kloer Saach fir d’Heemekipp. Iechternach huet sech am leschte Set nach emol gewiert, um Enn sollt een awer mat 25:21 verléieren.
Donieft huet Amber-Lënster 0:3 géint de Belair verluer.
Bei den Dammen huet den Tabellenéischte Walfer kloer mat 3:0 géint Péiteng gewonnen.
