
Um Samschdeg stoung de groussen Deel vum 6. Spilldag am Volleyball-Championnat bei den Dammen an den Hären um Programm.
An der Spëtzepartie konnt sech Stroossen kloer mat 3:0 (25:12, 25:20, 25:15) géint Dikrech behaapten a bleift weiderhin ongeschloen.
Donieft huet sech Bartreng kloer géint Amber/Lënster duerchgesat. Um Enn stoung et 3:0 (25:18, 25:15, 25:13) fir d’Heemekipp.
Esch war Fenteng mat 1:3 (19:25, 23:25, 25:22, 20:25) ënnerleeën. Luerenzweiler huet Iechternach mat 3:1 (25:12, 25:17, 19:25, 25:16) geklappt. De Favorit hat just am 3. Saz kuerz gewackelt, éier een de 4. Saz fir sech entscheede konnt.
Bei den Dammen huet sech de Favorit iwwerall duerchgesat.
Esch konnt géint Fenteng mat 3:1 (25:19, 25:20, 21:25, 25:15) d’Iwwerhand behalen.
Walfer huet 3:0 (25:19, 25:16, 25:14) géint Iechternach gewonnen.
Stengefort huet sech zu Bartreng mat 3:0 (25:17, 33:31, 25:18) duerchgesat.