
Et war den erwaarte Spëtzematch tëscht dem Tabellenéischte Stroossen an dem Tabellenzweete Luerenzweiler, mat dem besseren Enn fir Stroossen. De Seriëchampion setzt sech mat 3:2 (21:25, 25:19, 18:25, 25:17, 17:15) duerch. Am fënnefte Saz hat et laang no enger klorer Victoire fir Stroossen ausgesinn (13:9), mee Luerenzweiler ass nach eng Kéier zeréckkomm a konnt souguer ausgläichen (14:14). Déi dräi lescht Bäll hunn dunn d’Entscheedung zu Gonschte fir Stroossen bruecht.
Fir Fenteng (3:0 géint Iechternach) a Bartreng (3:0 géint Amber-Lënster) gouf et kloer Victoiren.
E Sonndeg completéieren de VC Belair an de Chev Dikrech den 13. Spilldag.
Um virleschte Spilldag huet sech de Leader Walfer mat 3:1 géint d’Gym Bouneweg behaapt an huet elo eng komfortabel Avance an der Tabell op den Zweetplacéierten.
De Volley80 Péiteng huet e bëssen iwwerraschend de VC Mamer3:2 geklappt, sou dass Mamer an der Tabell net laanscht d’Gym zéie konnt. Péiteng louch 2:0 vir, éier Mamer sech zeréckgekämpft huet. Am decisive Saz war du keng Kraaft méi do bei Mamer a Péiteng huet dëse kloer gewonnen.
De VC Stengefort hat beim 3:0 géint den Tabelleleschten Dikrech keng Problemer an huet déi fënnef Plaz scho sécher.
