
Wéi de Veräin um Dënschdeg matdeelt, iwwerhëlt de Belsch Mathieu Fivet d’Ekipp. Hie gëtt assistéiert vum Alain Schaeffer, dee vun Zolwer op Diddeleng wiesselt.
Beim Vizechampion kënnt et zu engem groussen Ëmbroch. Niewent dem Trainer Jérôme Altmann wäerten och d’Nadia Mossong (Enn vun der Karriär), d’Mandy Geniets (Wiessel op Steesel) an d’Ehis Etute (Orgeon Ducks, USA) net méi zum Kader gehéieren.