
Zu San Francisco gouf fir déi éischte Kéier e Mini-Tournoi mat véier Ekippe gespillt, dat mat kuerze Matcher mat engem sougenannten “Target-score” vu 40 Punkten. Dat heescht, dass déi Ekipp de Match gewënnt, déi fir d’éischt 40 Punkten um Kont huet. Déi lescht Jore war de Match net kompetitiv an d’Spiller hunn den All-Star-Game als lockeren Training gesinn, deem wollt d’Liga mam neie Format entgéintwierken.
D’NBA-Legenden an aktuell TV-Experte Shaquille O’Neal, Charles Barkley a Kenny Smith hunn déi insgesamt 24 All-Stars an dräi Ekippe gewielt, eng weider Ekipp aus jonke Spiller huet um Final Four deelgeholl.
An der Finall stounge sech dem Shaquille O’Neal seng “OG’s”, eng Ekipp mat den erfuerene Spiller, an dem Charles Barkley seng “Global Stars”, eng Ekipp mat villen internationale Spiller, géintiwwer. Um Enn setzt sech Team Shaq mat 41:25 duerch. MVP vum All-Star-Weekend gouf de Stephen Curry vun der Lokalekipp Golden State Warriors, hie koum am entscheedende Match op 12 Punkten. Déi néng Spiller vum Gewënner (Stephen Curry, Damian Lillard, Anthony Davis, Lebron James, James Harden, Jayson Tatum, Kyrie Irving, Anthony Davis, Jaylen Brown) kënne sech iwwer 125.000 Dollar Präisgeld pro Kapp freeën.